Populistesch Aussoen vun Volleksvertrieder ob den sozialen Netzwierker sinn an der Moud, och zu Lëtzebuerg

Rezent gouf zu Lëtzebuerg kontrovers iwwert verschidden Aussoen vun Deputéierten ob den sozialen Netzwierker diskutéiert. Et schéngt sech elo eng wéider Ausso an dëser Lëscht anzedroen. An engem Facebook Post vum 9. Dezember 2016 huet den Chamber Deputéierten David Wagner sengem Ierger iwwert déi rezent Projektioun vun engem Spektakel « Son et Lumières » zum 125ten Gebuertsdag vun der Dynastie ob Facebook Loft gemaach. Um Fong wor hien ferme genervt dass d’Chamberssëtzung vum 8. Dezember huet missen ofgebrach ginn wéinst der Projektioun vun dësem Spektakel an dat huet hien dunn um soziale Netzwierk wësse gelooss.

capture-decran-2016-12-09-a-12-45-46

Ech wëll an éischter Hinsicht soen dass ech Respekt hunn fir den David Wagner, säin Engagement an säin politeschen Kampf. Ech maachen mir eigentlech och keng Freed doraus, fir Kritik ze äusseren un den Positiounen vun Leit déi sech fir fundamental wichteg Valeuren, ewéi de Kampf fir méi sozial Gerechtegkeet, asetzen. Dëst em sou méi wëll ech perséinlech och keng speziell Affinitéiten hunn fir eis Monarchie, just e néidegen Respekt vrun den Institutiounen. Trotzdem hunn ech mech dozou beschloss dësen Artikel ze schreiwen well ech et wichteg fannen ob populistesch Aussoen opmierksam ze maachen, och wann se net ewéi sou oft vum rietsen Bord kommen.

Et kann een sécherlech doriwwer diskutéieren ob et ubruecht ass, umbedingt mussen eng Chamberssëtzung ze ënnerbriechen fir eng offiziell Projektioun, vun egal wéi enger Zort se dann och ass, sief et fir den Ofschloss vun der Féier zu 125 Joer Dynastie oder soss engem Grond, kënnen ze weisen.

Mee dorëms ass et hei och net gaangen. Dem David Wagner seng Ausso ass och manner schockant am Fong ewéi an der Form. Ech froen mech an deem Zesummenhang ob et opportun ass vun engem Volleksvertrieder esou eng Projektioun als « MirjäizenvunDomheet » ofzestempelen. Ech perséinlech hunn des Projektioun net gesinn, ech weess och net ob hien se gesinn huet, mee dovunner ofgesinn kéint een sech vun engem Volleksvertrieder erwaarden, sech zumindest e Stéck wäit méi objektiv an nuancéiert ze äusseren.

Domadder ass dann awer nach net genuch. Ofgesinn dovunner datt d’Projektioun den Palais « besuddelt », ginn dann och nach hir « Altessen » verantwortlech gemaach, terribel deconnectéiert vum Vollek ze liewen. Ouni faktuellt Argument, gëtt soumadder en procès d’intention gemëet an gewesserweis  dat « gelangweilt Adelsgeschlecht » mam Vollek opposéiert, mam Wëllen fir d’Leit dobaussen awer och richteg rosen loossen ze ginn. Datt gëtt dann och nach ënnerstrach am Post an deem d’Fro gestallt gëtt « Wat hunn si (hir Altessen) dann och domadder (d’affaires courantes vun der Chamber) zedinn » an « Et geet mir elo duer ». Wat dobäi net gesoot gëtt, ass dat den Festival Son et Lumières vun der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO organiséiert ginn ass. Mee et ass natierlech méi prikelnd wann een dem “Haff” dann virwerfen kann, sech souwisou net em dem Vollek séng Intressen ze këmmeren.

Et ass genau dës Form vum ëffentlechen Aussoen deéi muss bekämpft ginn, net um Fong wou een sech ni enger Debatte soll zoumaachen, an ech soen et och nach eng Kéier, et soll och kënnen doriwwer diskutéiert ginn, d’Chamber huet e légitimt Rescht dorobben seng Roll komplett auszeüben, mee an der Form, wëll esou eng Ausso net d’Intentioun huet d’Leit dobaussen faktuell debattéieren ze doen oder ze informéieren, mee eischter mat hiren Emotiounen ze spillen an se rosen loossen ze ginn.

Des lëscht Wochen hunn bewisen dass och Politiker zu Lëtzebuerg sech ëmmer nees zu populisteschen Aussoen hinzéien loossen. D’Roll vun den sozialen Netzwierker dierf an deem Zesummenhang och net ënnerschat ginn. D’Meenungsbildung vun villen Matbierger gëtt ëmmer méi vun den sozialen Netzwierker gepräägt. Dëst huet positiv esou ewéi negativ Auswierkungen. Ech denken eigentlech dass den David Wagner den Kampf géint Populismus och deelt an aktiv ugeet, ob all Fall wir et falsch fir hien als e Populist ofzestëmpelen, mee vläicht beweist esou een Post och datt keen à l’abri ass fir sech vun Zäit zu Zäit zu populisteschen Aussoen hinzéien ze loossen. Wie dem auch sei, ass et wichteg datt se als solch identifizéiert an denoncéiert ginn.

 

Advertisement

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s